top of page
Activities More

Mir verkafen "Wow", "Fantastesch" a "Granios"!


Schnéimobil fueren

Arktesch Aktivitéiten aus Nord Kanada

Snowmobiling

Snowmobiling ass e lëschtegt a spannend Zäitverdreif fir vill Yukoner jonk an al! Snowmobiling duerch d'onberouert Natur vum Yukon bréngt Iech op Plazen op déi Dir net einfach zu Fouss, mat Schnéischong oder mat engem Hondsteam hikommt. Mat engem Schnéimobile kann d'Rees eng spannend Fahrt erop an erof wonnerschéi Bierger sinn oder e relaxen Tour duerch de Bësch an iwwer historesch Trëppelweeër.  Op engem Daages Tour kënne mir Iech weider an den garandiosesn Hannerhaff vu Whitehorse  féieren, an d'Wildnis. No enger kuerzer Aféierung an d'Grondlage vum séchere Schnéimobilfueren, si mir fir de Rescht vum Dag ennerwee. Trails, déi iwwer gefruerene Séien féieren, alternéieren sech mat Strecken duerch dicht Dennebëscher. Bei dëser Visite gehéiert derzou dass mir eng Mëttespaus aleen wou mir en häerzleche Maufel zerwéieren. Et gëtt och vill waarm Gedrénks fir Iech de ganzen Dag waarm ze halen.

Guide, Transport, Snowmobile, Helm, waarm Wanter Kleeder, Aféierung fir e sécheren Ëmgang mat Snowmobiles, Snacks a waarme Gedrénks, souwéi engem voll Northern Mëttegiessen an der Wildnis.

 

Snowmobiling

Dogsledding

Genéisst e Spaass-gefëllten Dag an der Yukon Wildnis vu Buck a White Fang, wéi beschriwwen vum berühmten Klondike Gold Rush Autor Jack London. Nodeems Dir Äert Team vun Alaska Huskies begéint hutt, gesitt Dir wéi d'Hënn ugespaant ginn an un de Schlitt ugehannge ginn, an da komme mir op d'Streck! Eis Tour bitt e sanften Tour duerch de rouege Whitehorse Backcountry, wat Iech erlaabt Iech d'Majestéit an d'Schéinheet vum Yukon unzekucken.

 

Dogsledding

Hot Springs

Takhini Hot Pools ass eng vun de meescht besichte Plazen am Yukon. D'waarm Quellen sinn iwwer 100 Joer a Betrib a gougen grad erneiert. D'waarm Quellen Poolen sinn eng relax 36 ° an 42 ° Celsius waarm. D'Waasser ass natierlech a reich un Mineralstoffer.

Hot Springs

Schnéischungwanderen

Snowshoeing ass wéi Spazéieren, awer erlaabt Iech op Plazen ze goen wou Dir net zu Fouss kënnt hikommen ouni dës grouss "Schong" ënnert Äre Féiss - si halen Iech um Schnée a suergen dofir datt Dirnet am Schnéi ënnergitt. Mir kënnen Iech mathuelen an d'Bierger vun der Groussregioun Whitehorse op enger hallef Dag Wanderung. Et gi vill Trëppelweeër déi mir kënne goen, déi Iech e gudden Androck vun der natierlecher Grandeur vum Territoire ginn. Manner wéi 20 Minutte mam Auto a mir hunn d'Zivilisatioun hannerlooss. Snowshoeing ass eng roueg an  kontemplativ Aktivitéit, obwuel et e gudde Workout op de méi steile Steigungen kann sinn! Et ass perfekt fir Déieren ze gesinn a fir Spuren am Schnéi z'identifizéieren.

 

Snow Shoeing

Ski

Verbréngt en Dag Ski, Snowboard oder einfach relax op eisem Mount Sima Snow Tour. Mir fueren mat eisem Bus op de Mount Sima op enger kuerzer Fahrt vun eisem Resort. Kommt op de Goût vum Alpine Liewen a wielt aus engem vun eise Mount Sima Packagen (Ski oder Snowboard).
De lokalen Skihiwwel enthält e komplett designten a gudd ennerhaalenen Terrainspark. Gutt Schnéi Zouverlässegkeet gëtt vu Konschtschnéi ënnerstëtzt falls noutwaenneg, wat vill Schnéi duerch d'ganz Saison garantéiert.
Mir fueren direkt op Mt Sima fir maximal Zäit am Schnéi ze garantéieren.
Ënnerwee stoppe mir op fir Iech d'Ausrüstung ze organiséeieren. Mir huelen Iech direkt op de Ski Hill an de Rescht ass un Iech - Ski, Board, Spill oder relax!

Dësen Daag kann awer och fir eng Grupp a géint en Oppräiss zu engem zousätzlechen Daag Snowmobiling emgetosch ginn.

 

Skiing

Arktesch Déeieren siichten

Mir wäerten d'Yukon Wildlife Preserve besichen, wou Dir d'Méiglechkeet hutt d'Déieren a hiirem natierlechen Liewensraum ze gesinn an ze fotograféieren. Dall  Schof, Bighorn Schof, Bierggeessen, Maul Hirsch, wapiti (Eelch), Bëschkaribou, Bison, Musk-Ochs, Moos a souguer Luchsen kënnen all op dësem Tour gesi ginn, normalerweis vun no!

 

 

Arctic Wildlife Viewing

Äis Fëscherei

Loosst eis iech mathuelen op eng  Äis Fëscherei Aventure op ee vun de schéin Séien am Whitehorse Groussraum. De Yukon ass d'Land vun de Flëss a Séien. D'Waal ass endlos an d'Fëscherei ass exzellent.

Ofhängeg vun de Bedéngungen, wielt eise Guide den ideale Séi fir Är Äisfëscherfahrung. No der Umeldung vun de Fëschpermsien fuere mir op eisen Tour. No enger kuerzer Fahrt verloosse mir eist Gefier um Séi a ginn déi kuerz Distanz op eis éischt Plaz. Mat der Hëllef vun engem Äisschneider buere mir e Lach an d'Äis. D'Äis op engem Séi ka vun 30 cm bis 1 m déck sinn! Mat enger Äisfëscheraangel a Köder kënnt Dir Rainbow Trout, Lake Trout oder Arctic Grayling fangen. Fir de Komfort wäerte mir e Feier maachen a waarmt Gedrénks ronderëm reechen. Kuckt ronderëm Iech a genéisst d'Schéinheet vun engem Wanterdag wärend Dir op de grousse Fang waart!

Natierlech gi vill grouss Geschichten erzielt iwwer "deen deen sech just virdrun lassgerappt haat". Et ass ëmmer lëschteg dës Geschichten aus de verschiddene Regioune ronderëm d'Welt auszetauschen! Erzielt eis Är Geschicht!

 

 

Ice Fishing

Aurora Borealis - Nordliichter

D'Aurora Borealis ass ee vun de schéinsten natierleche Phänomener, déi een erliewen kann an d'Chancen sinn exzellent datt Dir se gesinn wann Dir am Wanter an de Yukon kommt.

 

All Owend nom Iessen wäerte mir e Feier dobaussen starten an hunn d'Méiglechkeet d'Nordliichter um Himmel danze ze gesinn, während mir e waarme Kaffi oder Schocki drénken.

 

 

 

 

Auroroa Borealis Northern Lights watching

Kulturell Visiten

Während der Woch wäerte mir och verschidde lokal kulturell an historesch Plazen besichen ofhängeg vun der Machbarkeet a verfügbaren Zäitplang.  

Visite kënnen enthalen:

  • Lokal Konschtgalerie

  • Berühmte Yukon Kënschtler

  •  First Nation Patrimoine am  Kwanlin Dun's Cultural Center an hir Konscht an Ausstellungen

  • MacBride Musée

  • Lokal Brauerei Tour mat Dégustatioun

  • Whitehorse Downtown Visite an  Shopping Tour

 

 

 

 

 

bottom of page