top of page

Iwwer eis

Et ass och eis Aventure
"Mir wëllen se mat Iech deelen"

Well si erem back to Basics wollten goen a en méi naturnoht Liewen wollten féeieren, hunn d'Sandra an de Steve ugefaang de Weste vu Kanada viru Joeren ze prospektéieren. Am Joer 2017 wärend se an Alaska an duerch de Yukon gereest sinn, hunn se hir Plaz fonnt wou si wollten bleiwen. De Yukon. Eng erstaunlech Plaz sou wëll a gefëllt mat onberéierter Natur. Dëst war d'Plaz, déi se sou laang gesicht haaten. De Caribou RV Park war ze verkafen an et war genau dat Geschäft wouvunner si emmer gedreemt hun, hunn well se zënter hirem ganz jonken Alter erfueren Camper sinn a reegelméisseg duerch Europa an d'USA campéiert hun mat hiren eegenen Trailer a mat Locatiouns Camperen.

 

Wärend den RV Park an de Summerméint operéiert, war d'Iddi e ganz exklusive Wee ze bidden fir nërdlech arktesch Aktivitéiten am Wanter ze entdecken, an daat Ganzt an engem luxuriösen a gemittleche Kader an héichwaertegem Service.

 

Wärend d'Sandra exklusiv Iessen kacht (hatt ass mëttlerweil d'Referenz am Gastronomeschem Iessen am Yukon), leet de Steve déi alldeeglechen Aventuren an hëlleft d'Instruktioune vun de Guiden op Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch z'iwwersetzen an z'erklären, währen hien iech vill iwwert de Yukon erzielt.

IMG_4023.jpg
IMG_2244.jpg

Während hien eng Karriär am Management vun enger grousser europäescher Bank fir bal 20 Joer haat, vu Clientsservice a finanzieller Berodung, huet de Steve ëmmer vill drop geluecht dass d'Clientserfahrung soll extravagant sinn. Frëndlech an emmer gutt drop, geet hien déi extra Meil fir Äre Komfort a wäert Iech vill erzielen iwwer de wei wat wou am Yukon.

 

Hie schwätzt fléissend Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch. Hien huet liicht Sproochkompetenzen an Hollännesch an Italienesch. Hien ass bekannt fir säi leschtegen Charakter deen ëmmer de richtege Witz zur Hand huet.

 

Als ausgezeechente Scout war hie vu sengem jonken Alter a Kontakt mat der Natur an dobaussen. Als fréieren fräiwëllegen Pompjee an Ambulancier bleift hien ëmmer op der sécherer Säit a bitt Hëllef un wann néideg.

De Steve wäert Iech op all alldeeglechem Abenteuer begeleeden.

En A fir den onerwaarten Detail ze hunn an ëmmer méi ze liwweren wei bestallt, daat ass dem Sandra seng Hymn.

 

Nodeems hatt vill Jore laang an der Reklamm an am Design geschafft huet, huet et seng eege Firma am Joer 2008 gegrënnt. D'Sandra huet souwuel fir staatlech wéi grouss international Firmen geschafft, déi digital a gedréckte Mediendesign gebrauch hunn. Kleng Entreprisen an ASBL'en goufen och mat Iwwerliwwerung zerwéiert a waren ëmmer frou, direkt mam Sandra ze handelen, daat hir Bedierfnesser verstanen huet. D'Sandra schwätzt fléissend Englesch, Franséisch, Däitsch Lëtzebuergesch an Italienesch.

 

Eng geseente Kächin ze sinn, iwwert dei am Norde vu Canada scho vill geschriwwen a bericht gouf, an d'Chance gehatt ze hunn an de meeschte vun de beschten Restauranten op der Welt gies ze hun, mat Prominente Käch zesumme gekacht ze hunn, huet sein fantastesche Goûtsënn a seng  Kachkënscht staark geprägt . Eng aussergewéinlech gutt Kichen kombinéiert mat  Kreativitéit.

Misty Woodland
bottom of page